Eldoradio Xclusiv 18. Juli David Guetta & Martin Solveig - Thing For You

2 franséisch House-DJ-Staren bréngen zesummen ee melodiéise Partysong fir de Summer eraus

Leschten Update: 20.09.2019, 09:49:21

Fakten:
Den David Guetta an de Martin Solveig hu sech fir "Thing For You" zesumme gedinn  – a presentéieren ee melodiéisen an danzbaren Track, dee  summerlech Ibiza-Vibes vum Feinsten liwwert. De Guetta an de Solveig si scho laang Frënd, an des gutt Chimie héiert een dem Lidd un. D'Lyrics, bäigesteiert vun der amerikanescher Sängerin Sasha Sloan, handelen dovun, dass sech an eng Persoun verknallt, vun där ee mengt, dass si net gutt fir een ass- an där een trotzdeem net widderstoe kann.



Aussergewéinleches
Den David Guetta an de Martin Solveig si scho jorelaang befrënnt an si hunn och schonn zesummen zu Ibiza opgeluecht. Elo eréischt hunn si awer hiert éischt gemeinsamt Lidd eraus bruecht.


Fréier Hits

2009 hat den David Guetta säin Duerchbroch. "When Love Takes Over" a "Sexy Bitch" hunn et ganz fir an d'Charts gepackt. Dono koumen e sëlleche weider Hits wéi "Titanium" a "Lovers on the sun". De Martin Solveig hat 2010 mat "Hello" säin éischten Hit.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Robin Schulz, Jonas Blue

Lauschtert eran: