Eldoradio Exklusiv 19. Juli Freya Ridings - Castles

Di Londoner Singer/Songwriterin presentéiert eng nei Single vu sengem Debütalbum 

Leschten Update: 19.07.2019, 07:05:41

Fakten:
2018 ass dem Freya Riding mat "Lost Without You" een absoluten Iwwerraschungshit gelongen. Haut kennt säin Debütalbum "Freya Ridings" eraus. Nieft "Lost Without You" ass mat Song "Castles" e weideren Track mat Hitpotential mat drop! Et ass e Breakup Song vun der motivéierender Aart. D'Freya Ridings huet Pläng fir d'Zukunft: Schlässer aus den Äsche vun der gescheiterter Bezéiung opbauen. 

Aussergewéinleches

Iwwert d'Sendung “Love Island” gouf d'Freya Ridings engem grousse Publikum bekannt. Nodeems säin Titel "Lost Without You" an der britescher Versioun vun der TV-Flirtserie gelaf ass, ass d'Freya Ridings mat dësem Song eng éischte Kéier an den Top 10 vun de briteschen Charts gelant. Wärend der Iwwerdroung vun der Serie gouf souguer de Shazam-Weltrekord gebrach, dee virdrun Florence and the Machine mat engem Song a “Game of Thrones” opgestallt haten. 


Fréier Hits

D'Freya Ridings stoung Enn 2017 op der BBC Newcomerlëscht. Enn 2018 hat d'Sängerin mat "Lost Without You" een éischten Hit.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Adele, Birdy, Dean Lewis, Gavin James 

Lauschtert eran: