Eldoradio Xclusiv 25. Juli Millé Feat. Malou - All Good

Den däitschen Newcomer an di schwedesch Sängerin brénge mat "All Good" ee gemeinsamt Lidd eraus.

Leschten Update: 20.09.2019, 09:48:44

© Youtube screenshot

Fakten
De Millé huet Originnen am Togo an a Frankräich, ass awer an Däitschland gebuer an opgewuess. Seng Debütsingle "All Good" ass eng melodiéis  Popnummer zesumme mat der schwedescher Sängerin Malou Prytz. 



Aussergewéinleches. 
Deen éischte Song, deen de Millé geschriwwen hat, war fir eng Matschülerin, déi bei him an der Klass reegelméisseg gemobbt gouf. D'Lidd heescht "Don’t Cry“, allerdéngs huet de Millé dem Meedchen d'Lidd ni virgesongen. 




Fréier Hits
Mat 12 Joer huet de Millé ugefaangen, ze sangen a wéi seng Groussmamm dat héieren huet, huet si hien direkt an de Gospelchouer vun hirer Kierch  matgeholl. Ee Joer méi spéit huet hien ugefaangen, een Texter ze schreiwen. 2016 huet hien ugefaangen, sech um Piano ze begleeden, hien huet sech d'Spille selwer bäibruecht.

 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Sam Feldt

Lauschtert eran: