Eldoradio Exklusiv 26. Juli Loud Luxury & Bryce Vine - I'm Not Alright

Ee Joer nom Summerhit "Body" sinn Loud Luxury zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 29.07.2019, 15:37:39

Fakten
No hirem weltwäite Summer-Hit "Body“, dee méi wéi 1 Milliard Streams opweise kann, sinn di 2 Kanadier Andrew Fedyk an Joe De Pace aka Loud Luxury mat hirer neier Single "I’m Not Alright“ zréck. Ënnerstëtzung hu sech Loud Luxury vum New Yorker Sänger Bryce Vine geholl, deen ënner anerem duerch Lidder wéi "La La Land (feat. YG) an "Drew Barrymore“ bekannt ass.



Aussergewéinleches:
Bei den Juno Awards 2019 hu Loud Luxury mat "Body" den Juno Award fir di bescht Dance Single vum Joer gewonnen.



Fréier Hits
Bekannt goufe Loud Luxury 2017 duerch ee Remix vun der Martin Garrix Single "Scared to Be Lonely". Mat der Single "Body" haten si een internationalen Hit.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dynoro, Gaullin, Ofenbach



Lauschtert eran: