Eldoradio Xclusiv 29. Juli Seeed - Lass Sie Gehn

E puer Méint nom Titel "Ticket" sinn d'Jongen zréck mat enger neier Single.

Leschten Update: 20.09.2019, 09:48:34

© Youtube screenshot

Fakten:
Dee 5. Studioalbum vu Seeed soll nach 2019 eraus kommen. Elo huet d'Band mat „Lass Sie Gehn“ di 2. Single-Auskopplung virgestallt.


Aussergewéinleches:
Am Oktober 2019 geet d'Band op grouss Tour duerch Däitschland, Éisträich, Schwäiz a Lëtzebuerg. Tickete ginn et allerdéngs scho laang keng méi. Dat gëllt och fir de Concert de 25. Oktober 2019 an der Rockhal. Fir d'éischte Kéier zanter 20 Joer sinn si awer just zu 10, nodeems de Sänger Demba Nabé zejoert onerwaart gestuerwen. 


Fréier Hits: 
Mat hirer Berlin-Dedicace "Dickes B", vun 2001 ass Seeed den Duerchbroch gelongen. Zanterhier sinn si mat hirem ganz eegene Reggae-Sound aus der däitscher Musekslandschaft net méi ewech ze denken. An de leschten 20 Joer hunn si 4 Alben eraus bruecht a mat hiren Live-Shows net just Europa mee och Südamerika eruewert.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Gentleman, Patrice, Culcha Candela


Lauschtert eran: