Eldoradio Exklusiv 31. Juli L Devine - Naked Alone

Di nei Single iwwerrascht mat melodiéise Vocals an engem funkege Bass 

Leschten Update: 31.07.2019, 02:51:03

© Youtube screenshot

Fakten
 "Naked Alone" nennt sech eng nei Single vun der Londoner Sängerin Olivia Devine alias L Devine, an där hatt iwwert een optimistesche, funky Beat ee guer net sou optimistescht Thema uschwätzt: d'Gefill, eleng ze sinn. "No, I can’t take another night on my own / Need another body here to keep warm / Always hated sleeping naked alone", séngt d'L Devine, dat alles gemaach huet, fir dësen Zoustand ze änneren - awer ëmsoss: "Well I hit up every name in my contacts /But I can’t even get one text back / All I really need is some sex / Ya feel me?"




Aussergewéinleches:
Di britesch Sängerin L Devine huet seng nei Single zesumme mam schwedesche Produzenten-Duo INDIIA geschriwwen, Wéi et vun dëser Sängerin gewinnt ass, kléngt de Song verspillt, de Songtext awer gëtt een déiwen Abléck an d'Erfarunge vu senger Generatioun.





Fréier Hits
Opgewuess zu Whitley Bay am Nordoste vun England, huet d'L Devine éischt Lidder a senger Zëmmer komponéiert an online gesat. Virun 2 Joer ass hatt op London geplënnert, fir eng Songwriter-Karriäre ze starten, an huet mat bekannte Produzenten zesumme geschafft, dorënner John Hill (MIA, Rihanna), Rogét Chahayed (Miguel, Travis Scott), Burns (Britney, Ellie Goulding), Al Shux (Lana Del Rey, Alicia Keys) an Ian Kirkpatrick (Dua Lipa, Selena Gomez). Mat Lidder wéi „Peer Pressure“ an „Nervous“ krut hatt éischt Opmierksamkeet.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dua Lipa, Tove Lo



Lauschtert eran: