
© Youtube screenshot
Fakten
Bekannt goufen The Shapeshifters am Joer 2004 mat der Single "Lola's Theme". Mëttlerweil ass aus dem Duo e Simon Marlin Solo Projet ginn. Hien ass zréck mat der Single "Life is a Dancefloor. Fir de Gesang suergt d'CHIC-Sängerin Kimberly Davis.
Aussergewéinleches:
Den Titel "Lola's Theme" war inspiréiert vum Bandmember Simon Marlin senger Fra Lola, an ass 2003 als Instrumentalstéck eraus komm. Nodeems e sech zu engem Clubhit entwéckelt hat, gouf en zesumme mat der Gospelsängerin Cookie nei agespillt an als Single verëffentlecht.
Fréier Hits
D gréissten Hit haten d'Shapeshifters mat der Single "Lola's Theme", déi am Juli 2004 Plaz 1 vun de briteschen Charts erreecht huet. Mat der 2. Single "Back to Basics" hunn si am Fréijoer 2005 a Groussbritannien op en neits d'Top 10 erreecht. Solo ass dem Simon Marlin nach kee gréisseren Hit gegléckt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Modjo, CamelPhat, Shakedown
Lauschtert eran: