Eldoradio Exklusiv 5. AugustCharlotte Lawrence - Why do you love me

Di amerikanesch Popsängerin Charlotte Lawrence presentéiert mat "Why Do You Love Me" hir Debütsingle

Leschten Update: 05.08.2019, 02:13:02

© Youtube screenshot

Fakten
"Why Do You Love Me" ass een düster-melodiéise Mix aus Pop a Rock. Den Titel gouf vu sengem Frënd, dem Charlie Puth co-produzéiert.

Aussergewéinleches:
D'Sängerin, wat zu Los Angeles doheem ass, seet Folgendes iwwert seng éischt Single: „Et fält mir méi liicht, iwwer traureg Gefiller ze schreiwen. Ech fannen et sou cool ee gutt-Laun-Song mat düsteren Texter ze hunn. Wann ee sech an eng Emotioun era versetzt, kann een eng ganz Geschicht schreiwen. Egal, wat een duerchmécht – et ass wichteg an der Musek Risiken anzegoen. Ech wëll ni op Nummer Sécher goen.“



Fréier Hits
Virun der aktueller Single hat d'Charlotte Lawrence scho mat enger éischter EP iwwerzeegt. D'Lawrence geet Enn vum Joer och op grouss Tour duerch Nordamerika. D' “Navy Blue Tour” fänkt de 7. November zu Atlanta un.  Eréischt viru kuerzem hat d'Lawrence Touren mat ausverkaafte Concerten an den U.S.A. an Europa ofgeschloss.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hailee Steinfeld, Bebe Rexha, Lauv


Lauschtert eran: