Eldoradio Xclusiv 7. AugustTakagi & Ketra - Jambo

No der Single "Amore e Capoeira" ass den italieneschen Duo zréck mat engem neie Song

Leschten Update: 20.09.2019, 09:47:46

© Youtube screenshot

Fakten
Di 2 italienesch Produzenten Alessandro Merli a Fabio Clemente hunn an hirer Heemecht scho fir Multiplatinhits gesuergt. Nom Hit "Amore e Capoeira" vun 2018 sinn si zréck mat der Single "Jambo". Dat Lidd hunn si zesumme mam OMI (bekannt duerch den Hit Cheerleader) a mam Giusy Ferreri opgeholl.


Aussergewéinleches:
Den Alessandro Francesco Merli alias Takagi huet mat 17 Joer ugefaangen, an engem Museksgeschäft ze schaffen. Dono ass hien DJ ginn an gouf Deel vun der Hip-Hop-Crew "Spaghetti Funk".   De Fabio Clemente (Ketra) dogéint huet als Beatmaker vun der Dancehall-Reggae-Grupp Boomdabash ugefaangen.


Fréier Hits:
Mat "Amore e Capoeira" haten Takagi & Ketra 2018 fir e Summer-Hi gesuergt. Si hunn och schonn als Songwriter a Produzenten mat Leit wéi Laura Pausini an Mika zesumme geschafft. Fir Baby K a Giusy Ferreri haten si 2015 de Summerhit Roma-Bangkok, deen an Italien dat erfollegräichst Lidd vum Joer gouf  an dozou bäigedroen huet, den italienesche Pop ze erneieren.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alvaro Soler, Enrique Iglesias, Luis Fonsi


Lauschtert eran: