
Fakten
Den Jack Savoretti ass zréck mat engem 80er Joren inspiréierten Disco-Track. Als Gaaschtsänger ass de Mika mat dobäi.
Aussergewéinleches:
Den Jack Savoretti gouf als Fils vun engem italienesche Papp an enger däitsch-polnescher Mamm zu London gebuer. Dee gréissten Deel vu senger Kandheet huet hien zu London verbruecht, ier hien op Lugano an d'Schwäiz geplënnert ass.
Fréier Hits:
De Londoner Singer/Songwriter mat italieneschen Originnen ass längst kee Geheimtipp méi. 6 Alben huet hie bis ewell eraus bruecht. De britesch-libanesesche Sänger Mika hat 2006 mat der Single "Relax, Take It Easy" säin éischten Hit.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charlie Winston, Jason Mraz, Olly Murs, Adam Lambert
Lauschtert eran: