Eldoradio Exklusiv 12. AugustHaim- Summer Girl

Pünktlech fir de Summer bréngen Haim hir nei Single „Summer Girl" eraus

Leschten Update: 12.08.2019, 03:13:02

Fakten
Haim hunn hir éischt nei Musek zanter dem Album "Something to tell you" vun 2017 eraus bruecht. D'Sängerin Danielle Haim huet de Songtext geschriwwen, wéi hatt eraus fonnt huet, dass säi Partner Kriibs hat. Musikalesch baséiert den Titel um Lou Reed Klassiker „Walk on the wild Side“. „Summer Girl“ ass déi 1. Single aus hirem neien, 3. Studioalbum. Numm a Releasedatum sinn nach net bekannt.

Aussergewéinleches:
Schonn ier di 3 Schwësteren d'Band Haim gegrënnt hunn, hunn si zesumme Musek gemaach. An zwar zesumme mat hiren Elteren. D'Familljeband huet “Rockinhaim” geheescht. 2006 hunn d'Schwësteren sech musikalesch vun den Elteren lass geléist, si hunn den “Rockin” am Numm ewech gelooss a sinn elo just nach Haim.

Fréier Hits
Enn 2012 goufen di 3  Schwësteren mat hirer Single "Forever" bekannt. D'Virnimm: Danielle, Alana an Este, de Familljennumm: Haim.  2013 koum den Debütalbum “Days Are Gone” an dono ënner anerem eng Tour mam Taylor Swift.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Lykke Li, MO

Lauschtert eran: