Eldoradio Exklusiv 13. AugustLauv Feat. Anne-Marie: Fuck, I'm Lonely

Déi 2 Museker sangen de Soundtrack vun der 3. Staffel "13 Reasons Why".

Leschten Update: 13.08.2019, 10:21:48

Fakten:
Den amerikanesche Museker Lauv an déi britesch Sängerin Anne-Marie hu „ Fuck, I’m lonely” fir d’Netflix Serie "13 Reasons Why" produzéiert. Passend zum neie Lidd vun 13 Reasons Why sinn och zwee bal identesch Museksvideoen erauskomm.


 
Aussergewéinleches:
„Fuck I‘m lonely“ ass Deel vum Soundtrack vun der neier Staffel „13 Reasons Why“. D'Erfollegsserie gouf wéinst dem sensibelen Thema Suicide breet diskutéiert. An engem Statement huet de Lauv erkläert, dass hie ganz houfreg, wier beim Soundtrack vun der neier Staffel dobäi ze sinn. Hien huet awer och d’Zuschauer vun der bekannter Serie dozou opgeruff, mat Frënn iwwert d’Sendung ze schwätzen a mat hinnen éierlech Gedanken a Gefiller iwwert déi kritesch Sujete vun der Serie ze deelen.




Fréier Hits
De Lauv ass Amerikaner an hat 2017 mat “I Like Me Better” ee Riesenhit. D'Anne-Marie hat am Joer 2016 mat "Rockabaye" e Mega-hit un der Säit vu Clean Bandit an dem Sean Paul.  Och mat eegene Lidder wéi "Alarm", "Ciao Adios" an "2002" war hatt an den Charts. 



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benny Blanco, Dean Lewis, Years & Years


Lauschtert eran: