Eldoradio Xclusiv 16. AugustJonas Brothers – Only Human

No hirem Comeback-Hit "Sucker" sinn d'Jonas Brothers zréck mat enger weiderer Single

Leschten Update: 20.09.2019, 09:47:20

Fakten

Di erfollegräich Pop-Rock Band besteet aus den 3 Jonas Bridder Joe, Nick a Kevin. No hirer Trennung Enn 2013 hu si sech am Juni zréck gemellt mam neien Album „Happiness Begins”. Di 1. Single „Sucker“ huet et wäit fir an d'Charts gepackt. Elo wëlle si mat hirem neie Song "Only Human" d'Charts stiermen.

Fréier Hits:
Di 3 Jonas-Bridder haten d'Band 2005 gegrënnt.  Bekannt goufen si och duerch den Disney-Film Camp Rock, an deem si nieft der Sängerin Demi Lovato virun der Kamera stinn. 2013 hunn d''Jonas Brothers  sech wéinst "Komplikatiounen bannent der Grupp" als Band getrennt. An der Tëschenzäit hat den Nick eng Solokarriäre lancéiert an den Joe war als Frontmann vun DNCE erfollegräich.  


Aussergewéinleches:
D'Jonge ware scho mat de Backstreet Boys, Avril Lavigne a Miley Cyrus op Tour an am Film "Camp Rock" hu si nieft dem Demi Lovato d'Haaptrollen iwwerholl.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes, DNCE, Adam Lambert

Lauschtert eran: