Eldoradio Xclusiv 19. AugustTom Gregory - Small Steps

De britesche Sänger ass zréck mat senger 4. Single

Leschten Update: 20.09.2019, 09:47:14

© Youtube screenshot

Fakten
Den Tom Gregory huet seng éischt musikalesch Erfarung bei der Castingshow „The Voice“ gemaach an déi war zimlech schlëmm. Dono huet hien et als Acteur probéiert, ass awer elo nees zréck bei der Musek mat senger 4. Single „Small Steps“.

Fréier Hits:
Den Tom Gregory huet sech als éischt a senger britescher Heemecht en Numm gemaach a gouf dono och an Däitschland bekannt. Hie war schonn Support Act fir d'Jessie J. oder de Will.I.Am a krut zu Hamburg säi Plackekontrakt.

Aussergewéinleches:
Mat 16 Joer huet den Tom Gregory a senger britescher Heemecht bei „The Voice“ matgemaach. Eng zimlech batter Erfarung. De Sänger giouf schonn an der éischter Ronn eliminéiert. Deemools duecht hien sech, hien wier net gutt genuch. Dono louch de Fokus mol op der Schauspillerei. Den Tom huet fir 5€ d'Stonn am Theater geschafft an krut eng Roll an der BBC TV-Serie „The A Word“.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Matt Simons, Max Giesinger, Olly Murs


Lauschtert eran: