Eldoradio Exklusiv 20. AugustLena & Nico Santos - Better

Lena an Nico Santos hunn hir éischt gemeinsam Single eraus bruecht.

Leschten Update: 20.08.2019, 02:32:01

© Youtube screenshot

Fakten:
Am Abrëll huet d'Lena säi 5. Studioalbum, "Only Love, L“, eraus bruecht. Dora verschafft hatt vrun allem seng Erfarungen, déi hatt mat Cyber-Mobbing gemaacht huet. Mat "Better“ knäppt hatt elo zesumme mam Nico Santos un dee Succès un.

 

Aussergewéinleches:
Di 2 Museker hu scho virdrun zesumme geschafft. Sou war den Nico Santos beispillsweis un der Produktioun vum aktuelle Lena-Album “Only Love, L.” bedeelegt. 


Fréier Hits:
Als Interpretin vum Lidd "Satellite" huet d'Lena 2010 den Eurovision Song Contest gewonnen an domat déi 2. Victoire fir Däitschland bei dësem Concours erreecht. Am Joer 2011 ass hatt mam Lidd "Taken by a Stranger" op déi 10. Plaz komm. Den Nico Santos hat 2017 mat "Rooftop" säin éischten Hit.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Namika, Jason Derulo, Liam Payne


Lauschtert eran:


Links