Eldoradio Exklusiv 21. AugustTwenty One Pilots- The Hype

Twenty One Pilots presentéiere mat "The Hype" eng weider Single vun hirem leschten Album

Leschten Update: 21.08.2019, 04:41:02

Fakten
Den Track ass déi 6. Single vum leschte Twenty One Pilots-Album „Trench“, deen Enn 2018 eraus komm ass. D'Lidd erënnert staark un d'Rocksongs aus den 90er.

Fréier Hits
Stressed Out, Heathens, Tear In My Heart

Aussergewéinleches
Twenty One Pilots spillen Videospiller net just am Tourbus oder doheem op der Kusch, mä och op der Bühn. Bei engem Concert zu Rhode Island hat de Sänger Tyler eng Ronn Mario Kart géint ee Fan gespillt. Deen hat des exklusiv Gaming-Session zwar gewonnen, gouf vum Twenty One Pilots-Sänger trotzdem ofgezunn. Fir ongewöhnlech Bühnen-Performances sinn Twenty One Pilots och soss ze hunn: 2015 gouf Tattooen am Partnerlook, live op der Bühn gestach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Panic at The Disco, Bastille, Imagine Dragons

Lauschtert eran: