Eldoradio Exklusiv 22. AugustAva Max - Torn

No "Freaking Me Out" ass di amerikanesch Sängerin zréck mat enger weiderer Single

Leschten Update: 22.08.2019, 03:13:02

© Youtube screenshot

Fakten

Dem Ava Max seng nei Single heescht zwar d'selwecht wéi den Natalie Imbruglia Song vun 1997, dovun ofgesinn huet d'Lidd awer just d'Thema Léift gemeinsam- respektiv eng Léift, déi net sou richteg no Plang leeft. "You take all the light away but then you give me fireworks”, séngt d'Ava iwwert eng Bezéiung, an där et grad sou vill Liicht wéi Schied gëtt. Musikalesch gesinn ass "Torn" ee Pop-Song mat Disco-Aflëss.



Fréier Hits
"Torn" ass eng weider Single vum Ava Max, wat virdru scho mat Lidder wéi "Freaking Me Out", "So I Am" an "Sweet But Psycho" erfollegräich war.


Aussergewéinleches
Bei den MTV VMA's de 26. August ass d'Ava Max als "Best New Artist" nominéiert. Hatt trëtt ausserdeem wärend der Red Carpet Pre-Show live op. 



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Mabel, Zara Larsson


Lauschtert eran: