Eldoradio Exklusiv 23. AugustVillagers - Summer's Song

Di iresch Indieband huet fir de Summer eng nei Single eraus bruecht

Leschten Update: 23.08.2019, 06:52:02

Fakten
Summer ass méi wéi just eng Joreszäit. Summer ass ee Gefill, ass Fräiheet, Plage a Mier an Gelato a bloen Himmel. Dat Ganzt paken di iresch Villagers ronderëm de Sänger Conor O’Brien an ee Lidd.  Si woen domat de Sprong vum experimentellen Indie-Folk an de kommerzielle Summerpop

Fréier Hits
Zanter dem Release vun hirer éischter EP 2008 gehéieren d'Villagers vun Dublin zu den hoffnungsvollste Vertrieder aus der irescher Musekszeen. Si kombinéiere poetesch Texter mat engem emotionale Sound.



Aussergewéinleches
De Conor schreift a produzéiert seng Lidder eleng, an net mat der Band. Instrumental Ënnerstëtzung kritt hien eréischt op der Bühn.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ben Howard, Angus & Julia Stone, Death Cab For Cutie


Lauschtert eran: