Eldoradio Exklusiv 26. AugustElderbrook & Rudimental: Something about you

De Produzent Elderbrook an d'Band Rudimental presentéieren hir éischt gemeinsam Single

Leschten Update: 27.08.2019, 13:37:33

Fakten
Den Elderbrook kennt ee vrun allem fir Club-Sounds. A senger éischter Zesummenaarbecht mat Rudimental gëtt sech de britesche Museker a Produzent awer ganz sensibel. „Something About You“ ass ee Lovesong. Awer mat Electro-Beats a liichter Club-Atmosphäre. "Something About You“ ass op „ Distinction“, der neier EP vu Rudimental ze fannen. 




Fréier Hits
Elderbrook ass spéitstens mat senge Vocals am Camelphat-Track „Cola“ bekannt ginn. De Club-Hit gouf souguer fir ee Grammy nominéiert. Rudimental haten an der Vergaangenheet Hits wéi "Sun Comes Up" (feat. James Arthuer"), "These Days (feat. Jess Glynne, Macklemore & Dan Caplen)", "Lay It On Me" (feat. Ed Sheeran) an "These Days (feat. Jess Glynne).



Aussergewéinleches
Am Song "Something about you" geet et ëm ee Mënsch, deen anere Leit positiv Energie an Hoffnung schenke kann.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hayden James, Disciples, Zhu



Lauschtert eran: