Eldoradio Exklusiv 27. AugustY2K & BBNO$ - LALALA

Y2K a bbno$ lande mat engem entspaante Rap-Sound ee viralen Hit

Leschten Update: 27.08.2019, 13:37:27

Fakten
De kanadesche Rapper bbno$ an den amerikanesche Produzent Y2K aus Arizona iwwerzeegen net just mat hirem musikaleschen Talent, och a Saache Songvermarktung sinn si richteg Experten. Hiren neien Track „Lalala“ hunn si op den ënnerschiddlechste Plattformen gepusht. Vun Tinder iwwer verschidde Blogs bis hin zur Video-App TikTok, op där di nei Single ee richtegen Hype ausgeléist huet.



Fréier Hits
De Bbno$ gëtt de Moment als ee vun de spannendste Rap-Newcomer iwwerhaapt gehandelt an och den Y2K ass spéitstens zanter „Lalala“ gutt am Geschäft. Well di zwee am Duo sou gutt funktionéieren, ass souguer no der Single "Lalala" ee Kollaboratiounsprojet geplangt. 



Aussergewéinleches
Kenne geléiert hu sech Y2K an bbno$ just iwwert eng Recherche vun hiren Originnen am Internet. Déi huet de Y2K just for fun gemaach an dobäi eraus fonnt, dass hien ee Cousin huet, vun deem hie bis dohin näischt wousst. D'Recherche huet hie schliisslech bei de bbno$ geféiert. 




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Post Malone, G-Eazy, French Montana


Lauschtert eran: