Eldoradio Exklusiv 29. AugustTim Bendzko- Hoch

3 Joer no sengem leschten Album ass den Tim Bendzko zréck mat neier Musek

Leschten Update: 29.08.2019, 04:35:03

Fakten
Am Hierscht kënnt dee mëttlerweil 4. Studioalbum vum Tim Bendzko op de Maart, mam Numm „Filter“. Mat der Single „Hoch“ gëtt et elo schonn ee klénge Virgeschmaach op d'Wierk, dat den 18. Oktober eraus kënnt.



Fréier Hits
2 Nummer-1-Alben, 8 Hitsingelen, e sëlleche Gold- a Platinauszeechnungen, an ausverkaafte Concertsreesen: Den Tim Bendzko huet di däitsch Musekslandschaft an de leschte Joren markéiert wéi kaum een aneren. Hien huet gewisen, dass däitschsproocheg Popmusek spannend ka sinn an de grousse Public begeeschtere kann
 



Aussergewéinleches
Di nei Single "Hoch" ass an den nächste Wochen a Méint an e sëllechen Trailere vum ZDF am Kader vun der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft, grad wéi an der Sat.1/ProSieben-Show „The Voice Of Germany“ ze héieren.
 




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mark Forster, Andreas Bourani, Max Giesinger


Lauschtert eran: