Eldoradio Xclusiv 30. AugustAlessia Cara - Ready

Di kanadesch Sängerin ass zréck mat der 1. Single vun hirer neier EP "This Summer"

Leschten Update: 20.09.2019, 09:36:59

Fakten:
Di kanadesch Singer-Songwriterin Alessia Cara huet déi éischt Single "Ready" vun hirer neier EP eraus bruecht.  Obwuel et eréischt 8 Méint hier ass, dass hatt säin Album "The Pains ofGrowing" eraus bruecht huet, kënnt geschwë schonn nees nei Musek. D'EP mam Titel "This Summer" soll deemno de  6. September eraus kommen. Trotz entspaantem Reggae-Pop-Groove geet et am Songtext vu "Ready" ëm eng Bezéiung, déi um Enn ukomm ass.


Aussergewéinleches:
2018 war d'Alessia Cara déi éischt kanadesch Artistin, déi de Grammy als "Best New Artist" gewonnen huet. Ausserdeem war hatt fir e puer Mol bei den "American Music Awards" a bei de "Billboard Music Awards" nominéiert.

Fréier Hits
Di kanadesch Singer-Songwriterin huet 2015 mat hirem Debütalbum „Know-It-All“ d'Charts eruewert. D'Singelen "Here" a "Scars To Your Beautiful" hunn hir weltwäit den Duerchbroch bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Ariana Grande, Halsey

Lauschtert eran: