Eldoradio Exklusiv 2. SeptemberMichael Leonardi: Running Wild

De Moment ass „Running Wild“ an der TV-Campagne vu JEEP zu héieren. Dem Michael Leonardi säin Debütalbum kënnt am Mäerz 2020 eraus.

Leschten Update: 02.09.2019, 04:20:02

Fakten:
Mat „Running Wild“ schéckt den australesche Sänger di 2. Single aus sengem Debütalbum „Walking My Heart Back Home“ an d'Course. Den Album kënnt am Mäerz 2020 eraus.


Aussergewéinleches:
Schonn als klenge Jong hat deen haut 29 Joer alen australesche Ausnamesänger eng degenerativ Netzhauterkrankung, bei där een oft lues a lues komplett blann gëtt. Eng deprimant Diagnose, déi de Leonardi awer net als Hindernis, mee als kreative Motor gesäit. Eng kënschtleresch Erausfuerderung, där hie sech elo op senger neie Single stellt.


Fréier Hits
Am Fréijoer huet de Michael Leonardi mat senger Debütsingle „Solitary Soul“ eng éischt akustesch Visittekaart geliwwert, mat där hien och als Supportact vum Alice Merton wärend senger Tour live an Italien ze gesi war. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Malik Harris,

Lauschtert eran: