Eldoradio Exklusiv 3. SeptemberMilky Chance & Tash Sultana: Daydreaming

No 2 Joer Paus si Milky Chance zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 03.09.2019, 04:20:03

© Youtube screenshot

Fakten:
De 15. November brénge Milky Chance hiren neien Album „Mind the Moon“ eraus. Am Virfeld presentéiere si doraus eng éischt Single, op där si vun der  australescher Singer-/Songwriterin Tash Sultana ënnerstëtzt ginn.


Aussergewéinleches:
Milky Chance hunn d'Tash Sultana bei engem Festival an Australien kenne geléiert. Kuerz dono hu Milky Chance him d'Demo-Versioun vun „Daydreaming“ geschéckt. De Song hunn si dunn zesummen am Tash sengem Studio zu Melbourne opgeholl.


Fréier Hits
Am Mee 2013 hu Milky Chance hiren Debütalbum "Sadnecessary" eraus bruecht. Mat der Single "Stolen Dance" hunn si am August 2013 fir d'éischte Kéier di däitsch Charts erreecht a sinn domat bis op Plaz 2 geklommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Vance Joy, alt-j, Two Door Cinema

Lauschtert eran: