Eldoradio Exklusiv 4. SeptemberRegard - Ride It

Mat senger Versioun vu „Ride It“ verschaaft sech de Regard d'Pole-Position vun der Hierscht-Playlist

Leschten Update: 04.09.2019, 03:59:02

Fakten:
Den Dardan Alu alias "Regard" presentéiert mat "Ride it" een entspaanten House-Track, dee gutt Laun mécht. Dofir huet hie sech um Song vum Sänger Jay Sean inspiréiert an aus dëser fréierer R&B Nummer vun 2008 ee coolen House-Track gemaach. Setting vum Lidd ass den Dancefloor am Club. Et geet ëm flirten an d'Challenge, sech am Laf vum Owend och wierklech kenne ze léieren.



Aussergewéinleches:
De Regard huet schonn am Kannerzëmmer bei sengen Elteren am Kosovo ugefaangen, Musek ze maachen. Den Erfolleg huet awer op sech waarde gelooss. Obwuel hie scho 7 Joer am Geschäft ass, leeft et eréischt säi kuerzem richteg  gutt fir hien.


Fréier Hits
Mëttlerweil zielt de Regard zu de Leaderen vun der Deep House-Szene. Hien ass immens produktiv an éiergäizeg. Eleng dëst Joer hie bal all Mount eng nei Single eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Lost Frequencies. Sam Feldt

Lauschtert eran: