Eldoradio Exklusiv 5. SeptemberPost Malone- Circles

Ier de Post Malone seng 3. LP "Hollywood's Bleeding" eraus bréngt, huet hien d'Single “Circles" gedroppt an thematiséiert d'Trennung vu senger Frëndin.

Leschten Update: 05.09.2019, 02:11:03

© Youtube screenshot

Fakten
Di nei Single "Circles” ass no den Titelen "wow" a "Goodbyes" di 3. Singleauskopplung aus sengem neien Album "Hollywood's Bleeding", Den Album kënnt dëse Freideg, de 6. September 2019 eraus. Kuerz dono start de Posty seng "Runaway Tour" duerch den Norden vun den USA.

Aussergewéinleches:
Post Malone ass natierlech ee Kënschtlernumm. Den Austin Richard Post ass e Museker aus Texas dee sech gäre mol Tattoo'en (wéi "stay away" oder "always tired") an d'Gesiicht mole léisst. 


Fréier Hits
Mat "Beerbongs & Bentleys" hat de Post Malone 2018 een erfollegräichen Album um Start, de Streamingrekorder op Spotify gebrach an direkt Platinstaus erreecht huet. De Post Malone ass ee vun den erfollegräichsten Streaming-Artists 2018, vrun allem wéinst Hits wéi "Better Now" a "Rockstar". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Drake, G-Eazy, French Montana

Lauschtert eran: