Eldoradio Exklusiv 6. SeptemberHugel - Guajira Guantanamera

No "Bella Ciao" presentéiert den HUGEL den 2. Remix, dee vun der Netflix Serie "Money Heist" inspiréiert ass.

Leschten Update: 06.09.2019, 04:45:04

© Youtube screenshot

Fakten
Mam Remix vu "Bella Ciao", inspiréiert vun der Netflix-Serie "Money Heist", huet den HUGEL zejoert DE Summerhit gelant. D'Produktioun vun engem weidere Song  aus der Serie koum fir den DJ a Produzent eigentlech net a Fro. Awer dunn ass dat kubanescht Vollekslidd " Guantanamera" an der neier Staffel gelaf- an den HUGEL konnt et net loossen an huet doraus en neie Remix. 




Aussergewéinleches:
Wärend senger Summertour huet den Hugel am Fliger d'Netflix-Serie "Money Heist" gekuckt. Nodeems hie gelant war, huet hien den Original-Sample vu "Guantanamera" geholl an doraus een DJ Edit gemaach, deen hie live spille wollt, fir ze kucken, wéi de Publikum reagéiert. Nach dee selwechten Owend huet hien et live getest. D'Leit sollen ausgeflippt sinn. 



Fréier Hits
Mam Remix vu "Bella Ciao" hat de franséischen DJ 2018 säin éischte groussen Hit an Europa.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs

Lauschtert eran: