Eldoradio Exklusiv 9. SeptemberCaravan Palace: Moonshine

Di franséisch Band presentéiert eng nei Single aus hirem aktuelle 4. Album.

Leschten Update: 09.09.2019, 03:08:03

Fakten
4 Joer no hirem leschten Album mellt di Paräisser Formatioun Caravan Palace sech mat hirem bis elo ambitionéierten Album zréck. Op “Chronologic” geléngt hinnen de Spagat tëscht Pop, Electronic a Swing. Et ass hire bis elo zougänglechsten Album. hei ass och di nei Single "Moonshine" drop ze fannen.


Aussergewéinleches:
Am Ufank war de Projet just als Experiment geduecht, wou probéiert gouf, Gypsy-Jazz a Swing aus den 30er Joere mat Club- an Housemusek ze verbannen. 2005 ass doraus een seriöe Projet ginn . Di 3 Memberen, den Hugues Payen, de Charles Delaporte an den Arnaud Vial hunn eng Instrumentalausbildung gemaach a sech aktiv an di Paräisser DJ-Seene abruecht.


Fréier Hits
Mam Virgänger ass der Band ee weltwäite virale Phänomen gelongen, an den Album hat och vill Hits wéi “Lone Digger” a “Wonderland”.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Parov Stelar, caro Emerald, Breakbot


Lauschtert eran: