Eldoradio Exklusiv 10. SeptemberJohn Newman Feat. Nina Nesbitt - Without You

Leschten Update: 10.09.2019, 03:34:02

Fakten:
De britesche Soulsänger John Newman mellt sech no 5 Joer Paus zréck - zesumme mat der schottescher Sängerin Nina Nesbitt huet hien de Song "Without You" eraus bruecht.



Fréier Hits:
De britesche Soulsänger John Newman gouf 1991 zu Settle, gebuer. Scho mat 14 huet hien ugefaangen, eege Lidder opzehuelen. Mat 20 ass hien op London geplënnert an huet do den Elektronik-Kollektiv Rudimental kenne geléiert, op deenen hiren Drum'n'Bass-Singele "Feel the Love" a "Not Giving In" hie gesongen huet. "Feel the Love" huet d'Spëtzt vun de briteschen Charts erreecht- ee Succès deen den John Newman 2013 mat senger eegener Single "Love Me Again" widderhuele konnt.


Aussergewéinleches:
Den John Newman krut 2 Mol ee Gehirtumor diagnostizéiert an huet missen operéiert ginn- 2012 an 2016. Wéi hien an engem BBC-Interview sot, géing hien ëmmer mat anere Museker verglach ginn déi Succès hätten a méi verdénge géifen, Fir dat an Zukunft ze verhënneren, goufe fir seng Tour 2019 vill méi kléng Locations ausgesicht an et gouf decidéiert, mam Wunnwon vun enger Plaz op di aner ze fueren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Olly Murs,George Ezra,

Lauschtert eran: