Eldoradio Xclusiv 11. SeptemberTove Lo & Jax Jones – Jacques

De briteschen DJ Jax Jones an di schwedesch Sängerin Tove LO presentéieren eng gemeinsam Single

Leschten Update: 20.09.2019, 09:36:16

© Youtube screenshot

Fakten:
D'Lidd ass um neien, a mëttlerweil 4. Studioalbum "Sunshine Kitty" vum Tove Lo ze fannen, deen den 20. September ze kréien ass, grad wéi um Jax Jones Album "Snacks" deen Ufank vun dësem Mount eraus koum.

Aussergewéinleches
Obwuel d'Tove Lo eng Schwedin ass an den Jax Jones een Englänner, gëtt hiren neie Song vu Frankräich beaflosst. Et ass een Elektro-House-Song iwwert ee One-Night-Stand mat engem franséische Mann. Iwwerdeems d'Tove Lo sech selwer spillt, iwwerhëlt den Jax Jones de Personnage vum Jacques.


Fréier Hits

De Londoner Produzent a Museker hat 2016 mat der Single „You Don’t Know Me“ een éischte groussen Hit gelant.  Dono huet hien mat “Instruction” zesumme mam Demi Lovato a Stefflon Don fir Partystëmmung gesuergt. Zejoert hat hien zesumme mat der Sängerin Ina Wroldsen am Titel "Breathe" op en neits d'Charts gestiermt. Zejoert hat hien mat Mabel & Rich the Kid den Hit "Ring Ring", a mat Years & Years den Hit "Play". 

Di schwedesch Sängerin Tove Lo gouf 2013 duerch hir Single "Habits (Stay High" bekannt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Duke Dumont

Lauschtert eran: