Eldoradio Xclusiv 12. SeptemberBishop Briggs - Champion

Di britesch Indiepop-Sängerin presentéiert hir éischt Single fir 2019

Leschten Update: 20.09.2019, 09:36:03

© Youtube screenshot

Fakten:
2018 huet d'Bishop Briggs säin Debütalbum "Church of Scars" eraus bruecht. Elo ass hatt zréck mat der neier Single "Champion". Den Track "Champion" geet iwwer Triumphéieren a Selbstbestëmmung. Di britesch Sängerin fuerdert d'Nolauschterer op, sech at ze huelen, wat engem zousteet. Bishop Briggs geet et am Song besonnesch dorëm, säi Selbstvertrauen erëm ze fannen.



Aussergewéinleches

"Champion" ass ee Lidd wat d'Sängerin  fir sech selwer geschriwwen huet. an enger Zäit wou säi Selbstvertrauen quasi inexistent war. Hatt hat d'Gefill, dass een als Fra vill Saachen gläichzäiteg muss sinn: sexy an trotzdeem léif, selbstbewosst a bescheiden, intelligent, awer och net ze vill intelligent: (""Champion" is a song that I wrote when my self-esteem was at an all-time low. As a woman , I feel like I have been socially trained to be so many things at once — sexy yet sweet, confident yet humble, independent yet submissive, smart but not too smart — the list is never-ending").

Mat “Champion” wëllt d'Sängerin hire Fans soen, dass Selbstwäertgefill méi wichteg ass, wéi dat wat engem d'Gesellschaft virschreift.



Fréier Hits
2017 huet Vodafone säi Song "Be Your Love" fir seng Publicitéitscampagne benotzt. 2018 gouf säi Song "Never Tear Us Apart als Soundtrack vum Kinofilm "Fifty Shades of Grey" benotzt D'Lidd ass eng Coverversioun. D'Original gouf 1988 vun der australescher Band INXS eraus bruecht.





Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Dennis Lloyd, Tom Grennan, Ellie King

Lauschtert eran: