Eldoradio Xclusiv 16. SeptemberSupermassive Feat. Smogy - Reason

De franséischen Duo presentéiert eng melodiéis Elektropop-Nummer

Leschten Update: 20.09.2019, 09:35:52

© Youtube screenshot

Fakten:
2013 hunn den Edgar Joly an de Simon Aubert sech kenne geléiert an ugefaangen, zesummen ze schaffen. Si hunn den Duo "Supermassive" gegrënnt a sech domat der alternativer Elektropop-Szene en Numm gemaach. Dëse Summer hu si sech zréck gemellt mat der neier Single "Reason"




Aussergewéinleches
Di 2 franséisch Museker hu sech kenne geléiert wéi si an enger Filmschoul studéiert hunn. De Simon huet dee Moment Fächer wéi Soundkreatioun an interaktiv Musek studéiert, den Multi-Instrumentalist Edgar huet sech méi op eng melodiéis an akustesch Approche konzentréiert.



Fréier Hits
Virun 2 Joer hate Supermassive zesumme mam Smogy den Hit "The One" gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jonas Brothers, Shawn Mendes


Lauschtert eran: