Eldoradio Xclusiv 17. SeptemberSteve Aoki & Backstreet Boys - Let It Be Me

De Grammy-nominéierte Produzent an d'Boyband-Superhelden hunn zesummen eng Single opgeholl

Leschten Update: 20.09.2019, 09:35:47

© Youtube screenshot

Fakten:
Dëst ass eng méi ongewéinlech Kombinatioun: Elektro-House trëfft op Boy-Band-Sound - an dat klappt erstaunlech gutt. Di gemeinsam Single vum Steve Aoki an de Backstreet Boys nennt sech "Let It Be Me".

Aussergewéinleches
Di aktuell Zesummenaarbecht hu mir dem BSB-Member Nick Carter ze verdanken. Bei engem Steve Aoki-Concert koum de Sänger spontan op d'Bühn an huet den Hit "Everybody (Backstreet’s Back)" performt. D'Energie war gutt, de Publikum net ze bremsen an esou huet een decidéiert, zesummen eppes opzehuelen.



Fréier Hits
Mat Hits wéi "Everybody" an "Quit Playing Games" gëllen d'Backstreet Boys als erfollegräichst Boyband vun der Welt. De Steve Aoki zielt zu den 10 bescht bezueltsten DJ'e vun der Welt. 2013 gouf säin Album "Wonderland" fir ee Grammy Award nominéiert. Den Album huet him den internationalen Duerchbroch bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Olly Murs, Take That, Westlife


Lauschtert eran: