Eldoradio Xclusiv 18. SeptemberRyan McMullan - Rebellion

Den nordiresche Sänger presentéiert ee Virgeschmaach op säin Debütalbum deen 2020 eraus kënnt.

Leschten Update: 20.09.2019, 09:34:27

© Youtube screenshot

Fakten
Dem Ryan McMullan seng nei Single "Rebellion" ass op sengem Debütalbum ze fannen, deen 2020 soll eraus kommen.  Geschriwwen a produzéiert gouf den emotionale Song vum Iain Archer (James Bay, Jake Bugg, Snow Patrol). Iwwert säin  Inhalt seet de Ryan McMullan: „,Rebellion’ handelt dovun, laachen ze musse, wann et dech ëmbréngt. Doriwwer, déi Saachen ze maachen, déi mir net maache wëllen an eppes virtäuschen ze mussen.“ 


Aussergewéinleches:
De Ryan McMullan war scho mam Ed Sheeran op Tour a gëtt als ee vun de villverspriechendsten Newcomer aus Nordirland gehandelt. Wann ee wéi den Ed Sheeran seet, „hien ass esou een aussergewéinlech begaabte Kënschtler“, da sollt de groussen Duerchbroch net méi laang op sech waarde loossen.



Fréier Hits
Fréier Singele wéi „You Don’t Dance“, „Oh Susannah“ a „Bowie on the Radio“ goufe schonn 8 Millioune Mol gestreamt.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lewis Capaldi, Dermot Kennedy, Matt Simons


Lauschtert eran: