Eldoradio Xclusiv 23. SeptemberMando Diao - Long Long Way

Am Virfeld vun hirem Studioalbum presentéiere Mando Diao d'Single "Long Long Way"

Leschten Update: 23.09.2019, 12:24:30

© eldo

Fakten:
Den 18. Oktober brénge Mando Diao hiren 8. Studioalbum ënnert dem Titel „Bang“ eraus. Am Virfeld hu si doraus di nei Single „Long Long Way“ presentéiert. De Song ass eng blueseg Gospel-Nummer déi eng ganz aner Facette vun der Band presentéiert.

Aussergewéinleches:
Wéi d'Museker soen, hu si dëse Song am Tourbus geschriwwen, wat fir si ganz ontypesch ass. De Song ass no enger Afterparty um Wee bei deen nächsten Tourstop entstanen , wéi d'Band am Bus zesumme gesongen huet.


Fréier Hits
Zanter 2002 hu Mando Diao 7 Studioalben eraus bruecht, déi sech weltwäit méi wéi 1,5 Millioune Mol verkaaft hunn. Hir gréissten Hits si Lidder wéi "Down in the past" an "Dance with somebody".


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Dead Weather, Beck, The Black Keys 


Lauschtert eran: