Eldoradio Xclusiv - 20. SeptemberSeeed - Geld

De 4. Oktober kennt de neie Seeed Album "Bam Bam" eraus. Déi 3. Single doraus ass elo dobaussen.

Leschten Update: 24.09.2019, 12:19:13

© Eldoradio

Fakten:
No "Ticket" a "Lass Sie Gehn" ass "Geld" déi 3. a nei Single aus dem Seeed Album "Bam Bam". A wéi an de Virgänger stécht och vill Hitpotential an der neier Single.
Iwwert 1. Joer ass de Seeed Concert de 25. Oktober an der Rockhal schonn Ausverkaf. Zanterhier ass vill geschitt. Den Demba Nabé - ee vun de Seeed Sänger - ass onerwaart verstuerwen an d'Zukunft vun der Band stoung an de Stären. D'Museker ëm de Peter Fox hunn ugekënnegt weiderzemaachen an nei Musek versprach. Mat "Bam Bam" kennt de 4. Oktober hire neien a 5. Album eraus. 

Aussergewéinleches:
Am Videoclip zu der neier Single gesäit een de Peter Fox an den Dellé déi hiert Luxusliewe mat ganz vill Sue probéieren ze genéissen. Eenzege Problem: Di 2. si staark iwwergewiichteg a kämpfe sech duerch den Alldag. Dobäi gi gëlle Fussbäll - déi vum Maradona an d'Loft geschoss ginn - mam Gewier ofgeschoss, éier Si vun enger Spezialunitéit festgeholl ginn. 


Fréier Hits
Mat "Aufstehn!" an "Ding" sinn 2006 hir éischte ganz grouss Chart-Hits erauskomm. Ma schonn 2001 hu si mat "Dickes B" an 2003 mat "Music Monks" op sech opmierksam gemaach gehat.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Gentleman, Patrice & Culcha Candela

Lauschtert eran: