Eldoradio Xclusiv 25. SeptemberTiesto & Mabel - God Is A Dancer

De hollänneschen DJ a Museksproduzent Tiësto ass zréck mam Hit "God Is A Dancer", deen hien zesumme mat der Sängerin Mabel opgeholl huet.

Leschten Update: 25.09.2019, 03:19:01

© Youtube screenshot

Fakten
D'DJ-Legend Tiësto huet sech mat der britescher Popsängerin Mabel zesumme gedinn, fir di nei Single “God Is A Dancer” ze presentéieren.

Aussergewéinlexches
"God Is A Dancer" ass no “Jackie Chan” mam Dzeko, Post Malone & Preme a “Ritual” mam Rita Ora & Jonas Blue schonn déi 3. grouss Crossover-Single, mat där den Tiësto weise kann, dass hien net just am Tech House- an Trance-Kontext kann Hits ofliwweren.

Fréier Hits
Den Tiësto gehéiert mëttlerweil schonn zu de ganz groussen DJen aus der engleschsproocheger Musekszeene. 2000 konnt hien den Duerchbroch mat senger Remixversion zu "Silence" vun Delerium feieren. Am Fréisummer huet hie mam Rita Ora an Jonas Blue de gigantesche Summerhit "Ritual" geliwwert.

Di britesch Sängerin Mabel konnt sech selwer grad iwwert de Succès vu sengem Debütalbum "High Expectations" freeën.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Martin Garrix, Calvin Harris, Avicii

Lauschtert eran: