Eldoradio Xclusiv 30. SeptemberRobin Schulz, Nick Martin & Sam Martin - Rather Be Alone

Seng nei Single "Rather Be Alone" huet de Robin Schulz mam DJ-Kollege Nick Martin a mam Singer/Songwriter Sam Martin opgeholl.

Leschten Update: 02.10.2019, 08:09:35

© Youtube screenshot

Fakten
A senger neier Single „Rather Be Alone“ weist sech de Robin Schulz zesumme mam griicheschen DJ / Producer Nick Martin vun enger neier Säit: een dynamesche Groove mat funky Bléiser, housege Piano-Vibes an enger Gesangsstëmm vum Sam Martin, déi de Bee Gees all Éier mécht – sou Disco-begeeschtert huet een den däitsche Producer nach net héieren.


Aussergewéinleches:
De Robin Schulz kënnt vun Osnabrück an huet sech weltwäit als DJ a Produzent een Numm gemaach. Alles fhuet 2014 mam Remix zum Song ‚Waves‘ ugefaangen. Mëttlerweil huet de Museker 15 eege Singelen an 3 Alben eraus bruecht. An de leschte 5 Joer huet hie 15 Millioune Placke verkaf an notéiert 6 Milliarde Streams.


Fréier Hits
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs

Lauschtert eran: