Eldoradio Xclusiv 28. SeptemberAlly Brooke & Matoma

Mat der Single "Higher" presentéieren Ally Brooke a Matoma eng gemeinsam Single.

Leschten Update: 28.09.2019, 03:32:02

© Youtube screenshot

Fakten
No Fifth Harmony huet virun allem d'Camila Cabello solo eng grouss Carrière gestart, awer och di aner Memberen konnte sech eleng duerchsetzen. Sou och d'Ally Brooke, wat elo seng nei Single "Higher" virleet. Fir déi nei Nummer huet sech d'Ally Brooke den norwegesche Museksproduzent an DJ Matoma ("Heart Won't Forget") gekroopt."Higher" ass no "Low Key” (feat. Tyga) a “Lips Don’t Lie” (feat. A Boogie Wit da Hoodie) di 3. Single, déi d'Ally Brooke dëst Joer am Virfeld vu sengem Debüt-Soloalbum eraus bréngt. 


Aussergewéinleches:
Ufank vum Joer hat d'Ally Brooke säi Solo-Debüt mat der Single "Low Key" feat. Tyga ginn.



Fréier Hits
Mat "Higher" presentéiert de fréiere Member vu Fifth Harmony eemol méi eng kreativ Zesummenaarbecht mat engem Dance-Kënschtler – virdrun hat di 26 Joer al Sängerin schonn um Titel “Vámonos” mam Kris Kross Amsterdam & Messiah zesumme geschafft, um Titel “Perfect” mam däitsche Producer Topic, an um Song “Look At Us Now” mat Lost Kings & ASAP Ferg.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Cheat Codes, Sigala, Felix Jaehn



Lauschtert eran: