Eldoradio Xclusiv 1. OktoberLiam Payne Feat. A Boogie Wit Da Hoodie - Stack It Up

De Liam Payne presentéiert eng nei Single zesumme mam Rapper "A Boogie Wit da Hoodie"

Leschten Update: 02.10.2019, 08:09:16

© Youtube screenshot

Fakten
De Liam Payne, deen weltwäit mat der Boygroup One Direction berühmt gouf, huet eng nei Single eraus bruecht. De Sound vum Liam Payne bei „Stack It Up“ kann een net mat deem vu One Direction vergläichen. Zesumme mat sengem Feature-Gaascht, dem Rapper "A Boogie Wit da Hoodie" ass de Song e Mix aus Hip-Hop a Club-Pop. Wéi de Liam seet, handelt "Stack It Up" vun haarder Aarbecht, an dovun, seng Dreem ze realiséieren.

Aussergewéinleches
Ze héieren ass den Ed Sheeran op "Stack It Up" zwar net, hien huet de Song allerdéngs matgeschriwwen.  

Fréier Hits
De Liam Payne hat 2017 mat “Strip That Down” säin éischte Solo-Hit - eng Single, déi zesumme mam Migos-Rapper Quavo entstanen ass. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
One Direction, Zayn, Harry Styles, Justin Bieber

Lauschtert eran: