Eldoradio Xclusiv 2. OktoberKleerup & AlunaGeorge - Lovers Table

Kleerup an AlunaGeorge hunn hir gemeinsam Single "Lovers Table" eraus bruecht

Leschten Update: 02.10.2019, 15:03:47

© Youtube screenshot

Fakten
Viru kuerzem hunn de schwedesche Produzent Kleerup an de briteschen Duo AlunaGeorge di gemeinsam Single "Lovers Table" eraus bruecht. Den Deep-House-Track iwwerzeegt mat extrem staarke Vocals an enger grandioser Atmosphäre. Dass de Schwed kann Hits produzéieren, huet hien an der Vergaangenheet schonn oft bewisen. "Lovers Table" huet och d'Potential, erfollegräich ze ginn. Et ass déi éischt Singleauskopplung vum neien Album vum Kleerup, deen Enn 2019 eraus kënnt.



Aussergewéinleches
De Kleerup ass a ville musikalesche Felder aktiv. Ënner aneren an enger schwedescher Band mam Numm "Me and My Army". Fir d'Cyndi Lauper huet hien de Song "Lay Me Down" geschriwwen a produzéiert. "Lovers Table" ass déi éischt Solo Single vum Kleerup no enger méi laanger Paus.




Fréier Hits
Den Andreas Per Kleerup aka Kleerup gouf 2007 international bekannt, wéi hien den Hit "With Every Heartbeat" vum Robyn produzéiert huet, deen e Summerhit an England gouf. Och an anere Länner konnt de Song d'Charts erueweren.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Icona Pop, Miike Snow, Empire of the Sun


Lauschtert eran:


Links