Eldoradio Xclusiv 3. OktoberLukas Graham - Lie

Di dänesch Band Lukas Graham presentéiert hiren neie Break-Up-Song "Lie"

Leschten Update: 03.10.2019, 02:09:01

© Youtube screenshot

Fakten
No enger méi laanger Paus melle sech Lukas Graham mam traurege Break-Up-Song "Lie" zréck. "Lie" handelt vum batteren Enn vun enger Bezéiung tëscht 2 Mënschen. De Museksvideo am High-School-Stil weist Zäertlechkeeten a Streidereien, genee sou, wéi si och an enger Bezéiung virkommen. Et ass dat éischt neit Lidd zanter dem "Purple Album" vun 2018. Enn Oktober gi Lukas Graham op Amerika-Tour.




Aussergewéinleches
De Leadsänger Lukas Forchhammer presentéiert mat der neier Single een autobiographesche Song. D'Lidd handelt vun senger eegener Bezéiung. Et geet dobäi ëm seng Teenagerzäit, wou d'Bezéiung mat där Fra déi hie mëttlerweil bestuet huet, nach méi chaotesch war.





Fréier Hits
D'Band Lukas Graham vu Kopenhagen gëtt et schonn zanter 2010. Mat der Single "7 Years" hu si 2016 international fir grouss Begeeschterung gesuergt a si goufen domat 3 mol fir e Grammy nominéiert. Bis elo hunn di 4 Bandmemberen 3 Alben op de Maart bruecht.  "3 (The Purple Album)" hu si am Oktober 2018 eraus bruecht.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Morrison, Alec Benjamin, Sam Smith


Lauschtert eran: