Eldoradio Xclusiv 4. OktoberDiplo Feat. Jonas Brothers- Lonely

Den US-Amerikaner Diplo huet ënnert sengem Country-Alias Thomas Wesley zesumme mat den Jonas Brothers ee Song released.

Leschten Update: 04.10.2019, 09:34:32

© Youtube screenshot

Fakten:
Fir seng nei Single „Lonely“ huet sech de Super-Producer, Songwriter an Artist Diplo (Major Lazer, LSD, Silk City) mat den Jonas Brothers zesumme gedinn. „Lonely“ ass déi éischt Zesummenaarbecht vum Diplo mat den Jonas Brothers. Virdru war hien mat Lidder a Produktiounen fir Stare wéi Beyoncé, MØ, Justin Bieber, M.I.A., Ariana Grande, Snoop Dogg a Sanitgold erfollegräich.

Aussergewéinleches
Fir de Song ze promoten, huet sech de Quartett eng aussergewéinlech Social Media-Strategie afale gelooss. De Major Lazer-Frontmann huet nämlech den Instagram-Channel vum Trio iwwerholl an di witzeg Photoe vu sech gepost. Um Enn vum Posting-Marathon gouf et allerdéngs d'Opléisung vum Rätsel- an ee klenge Preview zu hirem neie gemeinsame Song „Lonely“ ze gesinn. 


Fréier Hits
D'Jonas Brothers waren am Joer 2009 bei de Grammyen an der Kategorie „Best New Artist“ nominéiert, konnten de Präis awer net mat heem huelen. Kee Wonner, d'Adele war nämlech och nominéiert an huet virun 10 Joer de Grammy als „Best New Artist“ gewonnen – a géint hatt ze verléieren ass keng Schan. Den Diplo dogéint huet schonn eng Partie Präisser gewonnen,fir d'lescht am Februar dëst Joer fir säi Song „Electricity“.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes, Maroon 5, Harry Styles


Lauschtert eran: