Eldoradio Xclusiv 7. OktoberLucas Estrada, Neimy & Pawl - Radio Love

De schwedesche Sänger Pawl, de schwedesche Produzent Lucas Estrada an d'Sängerin NEIMY presentéieren di gemeinsam Dance-Pop-Single Radio Love

Leschten Update: 07.10.2019, 02:57:02

© Youtube screenshot

Fakten:
De schwedesche Produzent Lukas Estrada ass zréck mat enger neier Dance-Pop-Single. De Song iwwerzeegt och duerch seng staark Vocals, déi vum NEIMY a Pawl kommen.


Aussergewéinleches
Enn 2018 haten de Lucas Estrada an de Pawl sech am Studio getraff, fir zesummen u Lidder ze schaffen. Éischt gemeinsam Single war den Dance-Pop-Song "2Face" , dee méi fréi dëst Joer eraus komm ass. Elo sinn si zréck mam Titel "Radio Love".



Fréier Hits
De Lucas Estrada ass ee schwedeschen EDM-Produzent, deen ee gutt Gefill fir Songwriting a Kombinatioun mat ugesoten Dance-Beats huet. 1,8 Mio. Nolauschterer de Mount huet hien op Spotify. All seng Lidder hu jeeweils méi wéi eng Millioun Streams. "Everytime with You" zielt souguer 23,6 Millioune Plays op Spotify. Zanter 2016 bréngt hie reegelméisseg Musek eraus.

De Pawl kënnt och aus Schweden. De Songwriter, Produzent a Kënschtler krut offiziell Luef vun den Chainsmokers fir seng Single "Young & Faded". De Pawl kann op méi wéi 9 Mio. Streams kucken.




Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Lost Frequencies, Felix Jaehn


Lauschtert eran: