Eldoradio Xclusiv 9. OktoberYounotus, Kelvin Jones - Seventeen

Den däitschen DJ-Duo ass zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 09.10.2019, 09:28:57

Fakten
17 ass ee magescht Liewensjoer: D'Schoul ass bal fäerdeg, d'Liewe mat senge ville Méiglechkeeten läit virun engem, et ass een onbekëmmert an ouni grouss Suergen - a wann et gutt leeft, och nach verléift. Dee Moment ka leider net éiweg daueren. Awer YouNotUs & Kelvin Jones bréngen en zréck, mat hirem neie Song „Seventeen“

Aussergewéinlexches
De Kontakt tëscht Tobias Bogdon, Gregor Sahm (alias YouNotUs) a Kelvin Jones koum op bal legendär Weis zustanen. Et gëtt all Joer ee vu Sony Music organiséierte Futtballturnéier. Do hunn d'Museker sech kenne geléiert an decidéiert, zesummen e Lidd opzehuelen.


Fréier Hits
YouNotUs hate viru kuerzem mam Rework vum Liquido 1999er-Hit „Narcotic“ feat. Janieck a Senex (alias Liquido-Frontmann Wolfgang Schrödl) e groussen Hit. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alle Farben, Felix Jaehn, Robin Schulz


Lauschtert eran: