Eldoradio Xclusiv 10. OktoberEd Sheeran - South of the Border (Sam Feldt Remix)

Vum Ed Sheeran senger Single "South of Border" ass elo och e Remix do - vum hollänneschen DJ Sam Feldt.

Leschten Update: 10.10.2019, 15:11:38

Fakten:
D'Single South of the Border" (feat. Camila Cabello & Cardi B) ass um Ed Sheeran sengen Album "No.6 Collaborations Project" ze fannen. Vun der Single ass elo och en neie Remix eraus komm: Den hollänneschen Hit-DJ Sam Feldt (ë.a. "Show Me Love“, "Post Malone") huet eng Dancefloor-Versioun vum Lidd produzéiert. 

Aussergewéinleches:
Am Videoclip, deen am Spionage-Genre gedréit gouf, spillen Ed Sheeran, Camila Cabello  Cardi B d'Haaptrollen, grad wéi den Acteur Paul Karmiryan an de Model Alexis Ren. Am Video gesäit een 2 Spiounen (gespillt vu Paul Karmiryan an Alexis Ren) op enger Missioun, déi dora besteet, dem Ed Sheeran seng wäertvollst Saachen ze klauen.


Fréier Hits: 
D'Lëscht vun den Ed Sheeran Hits ass laang. Ugefaangen huet seng Erfollegsstory am Joer 2011 mat "The A Team". "Sing", "Thinking Out Loud" a "Shape of You" si just 3. Nummer 1 Hits déi an de Joren duerno erauskomm sinn. Fir d'lescht hat den Ed Sheeran mam Khalid den Hit "Beautiful People" gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
LSD, Bruno Mars

Lauschtert eran: