Eldoradio Xclusiv 11. OktoberRiton & Oliver Heldens - Turn Me On (feat. Vula)

D'Melodie vun "Turn me on" kënnt engem ganz  vertraut fir. Déi war nämlech scho mol erfollegräich.

Leschten Update: 11.10.2019, 04:10:02

Fakten:
Bei „Turn Me On“ hunn di 2 Produzenten Riton an OIiver Heldens gläich 2 Songs benotzt.  De Synthie-Pop Hit vun 1982 „Don’t Go“ vu Yazoo ass den elementare Bestanddeel vum Song. D'Melodie ass aus dem 80er Joren-Hit gesampeltDen Dr. Love“-Ruff deen um Song ze héieren ass, gouf vum Song „Dr. Love“ vu First Choice geklaut, deen 1972 eraus koum. D'Samples, zesumme mat der kraaftvoller Stëmm vum Vula, kléngen, wéinst där moderner Produktioun an „Turn Me On“, awer guer net méi wéi deemools. 

Aussergewéinleches:
Passend zum Doctor Love gëtt et op den Instagram-Accounts vun den DJs, den Operation-Game. D'Game funktionéiert wéi um Spillautomat. Allen 3  Symboler am Kierper vum Patient sollen jeeweils de Cover vum Song erginn. An dat ass natierlech een Häerz!. Fir d'Fans heescht et also: Sou laang probéieren, d'Symboler unzehalen, bis 3 Mol d'Häerz ze gesinn ass. 



Fréier Hits: 
Mam Vula hu sech de Riton an den Oliver Heldens eng staark Stëmm fir d'Lidd geholl. D'Britin war schonn am Gospel-Chouer vum Song „Pray“ vum Sam Smith ze héieren an eng vun den Haaptstëmmen am „London Community Gospel Choir“. Dat ass dee berühmte Chouer, dee souguer scho Museker wéi Justin Timberlake a Madonna begleet.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Axwell, Dimitri Vegas & Like Mike, Martin Garrix



Lauschtert eran: