Eldoradio Xclusiv 14. OktoberBlackbear - Hot Girl Bummer

Den amerikaneschen Hip-Hop/R&B/Soul Sänger inspiréiert sech bei "Hot Girl Bummer" un de User-Posts op Instagram.

Leschten Update: 14.10.2019, 14:54:56

Fakten:
Nieft der neier Single huet de Matthew Tyler Musto alias Blackbear dëst Joer scho säi 4. Studioalbum „Anonymous“ eraus bruecht.

Aussergewéinleches:
Ënnert dem Hashtag "#hotgirlbummer" setze sech User op Instagram an oft liicht bekleeten Outfits an Szene. De Sänger a Produzent Blackbear huet dat zu engem Song inspiréiert. Dobäi reegt de Blackbear sech guer net iwwert den Hashtag op oder iwwert d'Leit, déi sech cool an Szene setzen. Villméi nervt hien, dass hie sech selwer vu Social Media beaflosse léisst. Hie probéiert ëmmer, ee coolen Typ ze sinn, am Plaz einfach mol z'entspanen.




Fréier Hits: 
Nieft eegenen Tracks produzéiert a komponéiert de Blackbear och Lidder fir aner Museker, Sou huet hien ënner anerem um Justin Bieber sengem Megahit „Boyfriend“ matgeschafft an och um Album „One More Light“ vu Linkin Park.



Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
G-Eazy, Bazzi, Hoodie Allen


Lauschtert eran: