Eldoradio Xclusiv 15. OktoberCaribou- Home

Electro-Pop aus Kanada

Leschten Update: 15.10.2019, 04:53:02

Fakten:
5 Joer no sengem leschten Album „Our Love“  huet den Dan Snaith alias Caribou sech zréck gemellt mat neier Musek. Di nei Single „Home“ ass vum Klangbild awer anescht wéi fréier Caribou-Tracks. Et héiert en organesch Drums, eng Harfe a souleg Melodien. Kee Wonner: Fir „Home“ huet sech den Dan Snaith vun engem ale Soul-Song (1971) inspiréiere gelooss: „Home“ vum Gloria Barnes. Den Dan ass Fan vun deem Song, hien huet d'Lidd senge Frënn virgespillt an oh a sengem eegenen Titel „Home“ gesampelt.

Aussergewéinleches:
"Home" ass ee kuerze Song mat wichtegem Message: Et geet drëm, sech an hekteschen Zäiten zréck ze zéien, eng Plaz op där ee gären ass. Fir dann nees nei ze starten. Dat mécht den Dan elo nees mat sengem Soloprojet "Caribou":  Am Mäerz 2020 soll di nei Tour starten. 


Fréier Hits: 
De kanadesche Museker Dan Snaith ass net just duerch säi Soloprojet Caribou bekannt, mee hie produzéiert och  Tracks fir aner Kënschtler a spillt DJ-Sets. 


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Blake, Metronomy, M83


Lauschtert eran: