Eldoradio Xclusiv 21. OktoberMeduza- Lose Control

No "Piece Of Your Heart" si Meduza zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 21.10.2019, 12:17:31

Fakten:
Meduza kommen aus Italien a bestinn aus 3 Produzenten, déi direkt mat hirer Debütsingle "Piece Of Your Heart" e groussen Hit haten. Op der neier Single "Lose Control" huet de Produzenten-Trio sech op en neits mat Goodboys zesumme gedinn. Ze héieren ass och d'Sängerin Becky Hill, déi och scho mam Oliver Heldens („Gecko“) a Sigala („Wish You Well“) zesumme geschafft huet.


Aussergewéinleches:
Meduza kommen aus Italien hir Debütsingle "Piece of your Heart" konnt sech awer och an anere Länner weltwäit an den Charts placéieren, net just an Europa mee och an den USA.

Fréier Hits
Nodeems den Tiësto de Song "Piece Of Your Heart"  a senger eegener Radioshow gespillt huet, an d'Italiener beim "Amsterdam Dance Event" opgetruede sinn,  gëtt et an der Dance Szene just positive Feedback wéi zum Beispill vun Fat Boy Slim. Elo wëlle si am der Single "Lose control" nees d'Charts stiermen.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Duke Dumont, Route 94, Bakermat
 

Lauschtert eran: